top of page
WELCOME
Vicky Miller Photo

WËLLKOMM BEI MISSFITS
CUSTOM LEATHER

Mäi Numm ass Vicky Miller vun Iwwersyren an ech entwerfen a personaliséieren  handgemaache Liederproduiten. Ech benotze just héichwäertegt Lieder aus der ganzer Welt, dem jeeweilege Projet ugepasst... Well ech all Stéck individuell fir dech upassen, looss eis zesummen iwwert deng Virstellung vum Resultat schwätzen.
 
Ass et fir e neie Sëtz oder eng Suedelposch fir e Motorrad, e Portmonni, e neit Halsband fir däi Mupp bis zu denger eegener Iddi … alles kann individualiséiert ginn. Vun der Liederzort iwwert d’Faarf vum Lieder a Metallaccessoire, klengen Detailer oder Zeechnungen bis hin zur Faarf vum Bitztfuedem ass alles méiglech. Kontaktéier mech fir iwwert däin neit handgemaachte Liblingsstéck aus Lieder ze schwätzen… gemaach fir jorelaang duerzehalen am personaliséierten Design a nëmme fir dech.

IMG_9811.JPG

KATEGORIEN

Categories Icon
Motorcycle Seats and Accessories Photo

Motorrad - Sëtzer an Accessoiren

Meng Motorradssëtzer a Suedelposchen sinn handgemaach mat entweder Naturrëndslieder oder Polsterlieder (oder enger Mëschung vun deene zwou Varianten) ofhängeg vum Ausgesinn deenen  du wëlls erreechen

Pet Accessories Photo

Accessoire fir Déieren

Déckt vum Lieder, déi ech fir Halsbänner a Léngte benotzen hänkt vun der Gréisst an der Kraaft vun ärem véierbeenege Frënd of.

​

​

​

Other 2.jpeg

Aner Kollektiounen

Wéinst der Villsäitegkeet a Schéinheet vu Lieder kann eng Panoplie vu Artikelen benotzt ginn, déi net nëmme funktionell mee awer och attraktiv kënne sinn.

​

​

Wallet 1.jpeg

Portmonni a Rimmer

E Portmonni oder Rimm muss net nëmme funktionell sinn, mee kann och personaliséiert ginn woubäis du dech als Individuum ausdrécke kanns.

​

Bags category copie 2.JPG

Poschen

Deng personaliséiert Posch ka mat verschiddenen Zorten a Faarwen vu Lieder erstallt ginn fir  sech dengem Goût unzepassen.

​

​

Leather Restoration Photo

Opfrëschen a restauréiere vum Lieder

Et muss no dem Lieder gekuckt gi fir datt et sech hält.  Wann net, da fänkt et un seng Kraaft, Faarf a Schéinheet ze verléieren.

​

​

CATS

GALERIE

Contact Icon
FOLLOW ME
CONTACT
Background image

KONTAKT

image (1).png
ADRESS

​

3 Rue des Jardins, L-5376 Uebersyren

Mail: missfits.lu@gmail.com    |    Tel: +352 691 513 247

​

Merci fir Äre Message!

bottom of page